Kontrakter am Mount an Spadséiergäng

Kontrakter am Mount an Spadséiergäng

Mir kommen Ären Hond ee Mol den Dag fir e Spadséiergang an de Bësch sichen.
Et stinn ënnerschiddlech Zäiten zur Verfügung: 9:00 Auer, 11:30 Auer, 13:30 Auer an 15:30
En zweeten Hond aus dem selwechten Stot kritt 25% ofgehal.

All Gruppespadséiergäng sinn nëmmen d’Schaffdeeg, vu Méindes bis Freides.

1 bis 2 mol d'Woch

1 bis 2 mol d'Woch

Ären Hond kritt seng Plaz an engem Gruppespadséiergang.

22.50€ Stad Awunner

25€ ausserhalb vun der Stad, Präisser sinn pro Spadséiergang.

3 bis 4 mol d'Woch

3 bis 4 mol d'Woch

An engem 3 bis 4 Deeg pro Woch Kontrakt versëchere mir Iech dass Ären hënn hir Plaz an der Grupp ëmmer reserveiert ass.

18.25€ Stad Awunner

22.50€ ausserhalb vun der Stad, Präisser sinn pro Spadséiergang.

5 mol d'Woch

5 mol d'Woch

An engem 5 Deeg d’Woch Kontrakt  huet Ären Hond all Dag seng Plaz an engem Gruppespadséiergang.

360.10€ Pro Mount Stad Awunner

399€ ausserhalb vun der Stad ( ab 16.36€ pro Spadséiergang.)

Kuerzzäitkontrakter

Kuerzzäitkontrakter

Kuerzzäitkontrakter sinn op Ufro méiglech.
Op kuerz Zäit kënne mir Ären Hond nëmme mathuelen, wann nach Plaz an enger Grupp fräi ass a wann Ären Hond sech an der Grupp och wuel fillt. Dëst ass natierlech fir d’Sëcherheet vun Ärem Hond an déi vun der Grupp ze garantéieren.

Präis op ufroo

Privat Spadséiergäng

Privat Spadséiergäng

Firwat net Ärem Hond (oder Ären Hënn) säin eegenen Dogwalker schenken?
Dëse Service as natierlech vill méi flexible. Während de private Spadséiergäng besteet d’Meiglechkeet individuell mat ärem Hond ze schafen, sief dat well hien e puer Kilo zevill, Angscht oder zevill Energie huet.

Ab 48.40€

pro Stonn

Super Spadséiergäng

Super Spadséiergäng

Dogwalker.lu as houfreg de néie Projet dogrunner.lu ze presentéieren.Op Ufro kënnt Dir geschwënn en “Abenteuer Spadséiergang” fir Ären Hond reserveieren. Dëse Service bitt 5 bis 6 Stonne laang Spadséiergäng un, an dat op deene flottste Plazen am Land (Stauséi, Mëllerdall, Giele Botter, Helperknapp, an vill aaner schéi Plazen)

Dës Spadséiergäng ginn op 4 Hënn pro Grupp limitéiert, mellt Ären Hond un, op
dogrunner.lu@gmail.com

Geschwënn

Hond Pensioun

Hond Pensioun

Loosst Ären Hond vun engem professionellen Trainer versuergen.

Ären Hond kann och bei eis doheem iwwernuechten, sou lieft hien mat eis zesumme am familien Krees.
Ären Hond kënnt net an eng Këscht an huet 24 Stonnen ee bei sech, well hien de ganzen Dag mat sengem Dogwalker ënnerwee ass.

Mir kommen Ären Hond heem sichen a bréngen hien och nees zeréck. Fudder an Assurance sinn am Präis mat abegraff.

Mellt Iech bei Ärem Dogwalker fir weider Informatiounen.

Ab 40€

Pro Dag

Liwwerungen

Liwwerungen

Geschwënn
Mir liwweren Iech a Collaboratioun mat eisem Partner Deierefrups di bäscht Fudder Marken wi ACANA, Orijen oder Caniné direct Heem. Honds- oder Kazefudder.

Dogwalker.lu Clienten kréien Liwräsoun ouni Liwerungskäschten.

Online Bestellungen kommen geschwënn.

mir garantéieren

Dogwalker.lu versëchert, dass Ären Hond esou mann Zäit wéi méiglech am Auto verbréngt.
All Dog-walker gëtt professionell geschoult
Eis Spadseiergäng daueren minimum 45 Minutten a kënne bis zu 90 Minutten
Mir halen d’Gruppen esou kleng, dass d’Sëcherheet vun den Hënn garantéiert ass.
Mir komme fir d’éicht bei Iech laanscht, kucken eis Ären Hond un, fir dass mir déi gëeegenste Grupp fir Ären Hond fannen.
Ären Hond gëtt sëcher an den Hondsboxen vu Kleinmetall.de transportéiert.