skip to Main Content
  • Luxembourgish
    • English
    • French
  +352 661 991 661 - info@dogwalker.lu

Eis Kontrakter, Spadséiergäng an Servicer.

Mir kommen Ären Hond ee Mol den Dag fir e Spadséiergang an de Bësch sichen.
Et stinn ënnerschiddlech Zäiten zur Verfügung: 9:00 Auer, 11:30 Auer, 13:30 Auer an 15:30
En zweeten Hond aus dem selwechten Stot kritt 25% ofgehal.

All Gruppespadséiergäng sinn nëmmen d’Schaffdeeg, vu Méindes bis Freides. Op Ufro si Sortië Samschden a Sonnden och méiglech.

3 bis 4 mol d'Woch

An engem 3 bis 4 Deeg pro Woch Kontrakt versëchere mir Iech dass Ären hënn hir Plaz an der Grupp ëmmer reserveiert ass.

19.72€ Stad Awunner

24.90€ ausserhalb vun der Stad, Präisser sinn pro Spadséiergang.

5 mol d'Woch

An engem 5 Deeg d’Woch Kontrakt  huet Ären Hond all Dag seng Plaz an engem Gruppespadséiergang.

19.00€ Stad Awunner

21.08€ ausserhalb vun der Stad

1 bis 2 mol d'Woch

Ären Hond kritt seng Plaz an engem Gruppespadséiergang.

24.30€ Stad Awunner

26.99€ ausserhalb vun der Stad, Präisser sinn pro Spadséiergang.

Kuerzzäitkontrakter

Kuerzzäitkontrakter sinn op Ufro méiglech.
Op kuerz Zäit kënne mir Ären Hond nëmme mathuelen, wann nach Plaz an enger Grupp fräi ass a wann Ären Hond sech an der Grupp och wuel fillt. Dëst ass natierlech fir d’Sëcherheet vun Ärem Hond an déi vun der Grupp ze garantéieren.

ab 26.99€ Präis op Ufroo

Hond Pensioun

Loosst Ären Hond vun engem professionellen versuergen.

Ären Hond kann och bei eis doheem iwwernuechten, sou lieft hien mat eis zesumme am familien Krees.
Ären Hond kënnt net an eng Këscht an huet konstant ee bei sech, well hien de ganzen Dag mat sengem Dogwalker ënnerwee ass.

Mir kommen Ären Hond och heem sichen a bréngen hien och nees zeréck (op Ufroo). Fudder an Assurance sinn am Präis mat abegraff.

Mellt Iech bei Ärem Dogwalker fir weider Informatiounen.

42.15€ De Dag

Toilettage

Och de schéinsten Hond muss munchmol bei säi Coiffeur, an dee Fënnt e bei ons um Belair.
Eis léif Equipe këmmert sech mat Häerz a Séil drëms dass äre beschten net nëmme schéi gëtt mä och schounend toiletteiert gëtt.
Kommt roueg laanscht a kuckt iech alles vun eiser Lounge aus un.

Ab 55.00€

pro Stonn

Crèche

Nees eng Innovatioun vu Dogwalker.

Bei ons kënnt der ären Hond de ganzen Dag a Fleege loossen. Wei an enger Crèche, gëtt de Dag gefëllt mat ludique Spiller, Spadséiergäng a Roupause gefëllt.
Präisser sinn erstallt mat der Frequenz vun de Buchunge pro Woch.

Kommt gäre laanscht mir stelle fir Iech eng Offer op Moos duer.

Vu 37.00€ bis 42,15€ bis 46.26€ de Dag

De Buttek um Belair

All Renseignement kënnt der an eisem schéine Buttek kréien.
Do entdeckt der och eis wonnerschéi Gamme vun handgemaachte Lenkte oder Deiere-Better am italieneschem design.

Mä wou mer am meeschten Houfereg sinn, ass eis Auswiel vun héichwäertegt Fudder! Mir recherchéiere laang fir nëmmen dat bescht an eisem Sortiment ze hunn.
Eben alles fir äert Deier esou richteg ze verwinnen an alles am Zentrum vum Belair mat einfachem Accès.

74 Avenue Gaston Diderich
L-1420 Luxembourg / Belair

mir garantéieren

Dogwalker.lu versëchert, dass Ären Hond esou mann Zäit wéi méiglech am Auto verbréngt.
All Dog-walker gëtt professionell geschoult
Eis Spadseiergäng daueren minimum 45 Minutten a kënne bis zu 90 Minutten
Mir halen d’Gruppen esou kleng, dass d’Sëcherheet vun den Hënn garantéiert ass.
Mir komme fir d’éicht bei Iech laanscht, kucken eis Ären Hond un, fir dass mir déi gëeegenste Grupp fir Ären Hond fannen.
Ären Hond gëtt sëcher an den Hondsboxen vu Kleinmetall.de transportéiert.
This error message is only visible to WordPress admins

Error: API requests are being delayed for this account. New posts will not be retrieved.

Log in as an administrator and view the Instagram Feed settings page for more details.

Back To Top