Mir kommen Ären Hond ee Mol den Dag fir e Spadséiergang an de Bësch sichen. Et stinn ënnerschiddlech Zäiten zur Verfügung: 9:00 Auer, 11:30 Auer, 13:30 Auer an 15:30 En zweeten Hond aus dem selwechten Stot kritt 25% ofgehal.
All Gruppespadséiergäng sinn nëmmen d’Schaffdeeg, vu Méindes bis Freides. Op Ufro si Sortië Samschden a Sonnden och méiglech.
Ären Hond kritt seng Plaz an engem Gruppespadséiergang.
29,62 € ausserhalb vun der Stad, pro Spadséiergang.
An engem 3 bis 4 Deeg pro Woch Kontrakt versëchere mir Iech dass Ären hënn hir Plaz an der Grupp ëmmer reserveiert ass.
27,50 € ausserhalb vun der Stad, pro Spadséiergang.
An engem 5 Deeg d’Woch Kontrakt huet Ären Hond all Dag seng Plaz an engem Gruppespadséiergang.
23,27 € ausserhalb vun der Stad, pro Spadséiergang.
Kuerzzäitkontrakter sinn op Ufro méiglech. Op kuerz Zäit kënne mir Ären Hond nëmme mathuelen, wann nach Plaz an enger Grupp fräi ass a wann Ären Hond sech an der Grupp och wuel fillt. Dëst ass natierlech fir d’Sëcherheet vun Ärem Hond an déi vun der Grupp ze garantéieren.
Hondspensioun ass exklusiv fir Clienten déi e Kontrakt mat der Firma hunn. Well all eis Hënn zesummen an eise Privathaiser liewen an all d’Behandlunge genéissen wéi wa se eis selwer wieren, mussen all Hënn viraus guttgeheescht ginn. (sozial an propper). Mir lëen Weert op de Confort vun eisen Déieren a limitéieren d’Unzuel op 3 Hënn den Dag.
pro Dag
Och de schéinsten Hond muss munchmol bei säi Coiffeur, an dee Fënnt e bei ons um Belair. Eis léif Equipe këmmert sech mat Häerz a Séil drëms dass äre beschten net nëmme schéi gëtt mä och schounend toiletteiert gëtt. Kommt roueg laanscht a kuckt iech alles vun eiser Lounge aus un.
pro Stonn, min. 1 Stonn
Ären Hond kritt seng Plaz an engem Gruppespadséiergang.
pro Dag
All Renseignement kënnt der an eisem schéine Buttek kréien. Do entdeckt der och eis wonnerschéi Gamme vun handgemaachte Lenkte oder Deiere-Better am italieneschem design.
Mä wou mer am meeschten Houfereg sinn, ass eis Auswiel vun héichwäertegt Fudder! Mir recherchéiere laang fir nëmmen dat bescht an eisem Sortiment ze hunn.
Eben alles fir äert Deier esou richteg ze verwinnen an alles am Zentrum vum Belair mat einfachem Accès.
Dogwalker.lu versëchert, dass Ären Hond esou mann Zäit wéi méiglech am Auto verbréngt.
All Dog-walker gëtt professionell geschoult
Eis Spadseiergäng daueren minimum 45 Minutten a kënne bis zu 90 Minutten
Mir halen d’Gruppen esou kleng, dass d’Sëcherheet vun den Hënn garantéiert ass.
Mir komme fir d’éicht bei Iech laanscht, kucken eis Ären Hond un, fir dass mir déi gëeegenste Grupp fir Ären Hond fannen.
Ären Hond gëtt sëcher an den Hondsboxen vu Kleinmetall.de transportéiert.