De Luciano ass de Besëtzer an den Grënner vun Dogwalker.lu. Hien huet iwwert 10 Joer Erfarung mat Hënn. Mat sengem Hond Chica huet hien den éischten Dogwalking Service, den dogwalker.lu zu Lëtzebuerg gegrënnt. Domat geet et net duer, hien huet säi Wëssen a ville Seminairen mat deene beschten Hondstraineren aus Däitschland, dem Pia Grönig an dem Manuela Zaitz erweidert. D'Chica huet hien leider verlooss an ass elo am Hondshimmel, mee hatt wäert ëmmer mat der Grënnung vum Dogwalker an Erënnerung bleiwen an natirlech an deene ville Filmer, wou hatt matgespillt huet. Déi zwee, de Luciano an d'Chica waren dat beschten Honds-Mënsch Team wat Lëtzebuerg bis elo gesinn huet.
D’Iris ass eng zertifiéiert Hondstrainerin déi mat Dogwalker zesummen schafft. Säin Ziel ass d’Kommunikatioun am Alldag mat eisen Hënn ze erliichteren. Och d’Dogwalker-team profitéiert ëmmer erëm vu sengem Wëssen an Rood. Leiert hatt besser kennen op dogtalk.lu
De Filippe, virun Dogwalker beim Militär, gouf an der Divisioun canine ausgebilt. Seng Erfarung kennt vun Jorelaanger Passioun un der Aarbecht mat Hënn. Seng Konzentratioun, Pünktlechkeet an d’Aen vir den Detail kommen vum Militär, wat awer senger oppenen, frëndlecher an hëllefsbereeter Aart net schued. De Filippe ass e Paradebeispill vir di haart Surface, melle Kär.
Mir sinn frou den Nicolas bei eis am Team ze hunn. Hien huet selwer vill Hënn, déi en erzitt an trainéiert. An dëst Wëssen bréngt en bei all Tour mat eran. Wann der Ären Hond mam Nicolas matschéckt, wësst der dass en a gudden Hänn ass.
Vu wou kritt d'Delphine all dei Energie? All moies ass hat mat gudder Laun op der Aarbecht, verbréngt säin Dag mat sportlechem Fouss an a Virsiicht zu senge Muppen am Bësch an wann et Heem kënnt geet et direkt erëm eraus mat sengen eegene Muppen, ouni säi Päerd au Passage ze vergiessen. Wann dat net genuch wier, huet d'Delphine ënnert sengem Hutt Pokaler déi hat mat sengem Schéiferhond an obedience Klasse gewonnen huet. Also fir mat him matzehalen, muss e frei opstoen.
Am Team brauch een ëmmer een fir d'Hënn ze verwinnen, a kee ass méi qualifizéiert wéi d'Emilie. Mat engem Talent fir Fotografie kann ee duerch seng Fotoen d'Freed op de Gesiichter vun Ären Hënn gesinn. Jorelaang ziele mir d'Emilie ënnert eis an seng léift fir Hënn huet kee Millimeter labber gelooss. Mir kënnen eis all glécklech schätzen hat an eiser Equipe ze hunn.
D'Martine ass eise multiplyvalenten Employé. Mat räichlech Erfarung am Hondssport, Training a Benevolat an de Déierenasyler ass seng Haapttâche bei ons d'Privat, d'Trainingsgruppen an d'Kommunikatioun vun der Firma an de Employée zesummen ze regroupéieren. Dir gesitt hat och op de Spadséiergäng well wann mer polyvalent ass, kann een och alles. Mat enger ëmmer positiver Astellung gëtt all Situatioun gereegelt, sief dat am Büro, mam Personal oder beim Training vun äre Muppen. Zesumme mam Iris organiséiere déi 2 déi engageierst Trainings-Stonnen an der Stad, zweiwellos.
Wann de Cédric duerch Dier moies kënnt, wierkt et esou als op dobaussen d'Sonn géing schéngen, och wann et riicht era reent. Dëse gutt gelaunte Mënsch ass ustiechend a bréngt an der Equipe ëmmer eng positiv Attitüde. Hien këmmert sech haaptsächlech ëm d'Muppen an der Crèche. De Bouf huet virdrun an engem Déierenasyl geschafft a wann een hie gesäit, versteet een direkt wann mer soen dass de Jong fir d'Deieren d'Häerz um richtege Fleck huet.
Wat d'Audrey am beschte beschreift ass eng global gutt Erfahre Persoun. Mat Joere Experienz am Reitstall weess Sie genau wei ee méi Päerd zesumme feiert. Hat huet geleiert dass et de Charakter ass dee d?Deier beweegt. Mir si frou hat säit Mëtt 2019 derbäi ze hunn.
Dogwalker.lu is born from the need to provide professional and safe dog walking for everybody in Luxembourg. Luciano was searching several years back for such a service without any luck. Nobody could guaranty safety or knowledge during his or her walks. In 2010 Dogwalker.lu started it’s first steps.
Providing transportation in air-conditioned vans, dogwalker.lu invested over 5000€ of equipment in each of his vehicle to make sure that your dogs are always on the safe side. Not only does your dog travel in individual boxes, but these are tailor-made by the number one travel boxes constructing company in Germany, Kleinmetall www.kleinmetall.de. Kleinmetall is not only iso certified but their work goes through real crash tests and is Tüv approved.