TRAINING

MANTRAILING

Mantrailing ass d’Poursuite vun engem bestëmmten Geroch.

Et ass eng Disziplin wou Hond a Mënsch als Duett zesummeschaffen vir e gemeinsamt Ziel ze erreechen. Iwwerloosst dem Hond d’Féierung a leiert Ärem Hond sengen Instinkter ze vertrauen. Des Team-Experienz ass eenzegaarteg. Eisen Training ass op enger spaasseger Atmosphär opgebaut, ouni awer d’Spannung vum Mantrailing ze verléieren, virun allem well d’Stonnen vum Iris Oppermann vum Dogtalk gehalen ginn. Et gi keng Virkenntnesser gebraucht. Kontaktéiert eis elo vir méi iwwert dëse Workshop gewuer ze ginn.

E-mail: info@dogtalk.lu
Hi

INDIVIDUELLEN TRAINING

Hi

Am Eenzeltraining berécksiichtege mer, dass all Hond säin eegent Wiesen a Charakter huet.

Behuelen, Leierbereetschaft an Erfarung ass bei all Hond verschidden an all Hond ass genee sou eenzegaarteg wei Är Verbindung.
Loosst eis zesummen erausfannen wou ären Hond steet an vun do aus en Trainingsplang opbauen. All eenzel Sessioun ass genee op d’Moos vir Iech an Ären treien Begleeder opgebaut. Kontaktéiert eis vir en éischt Kenneléieren auszemaachen:

E-mail: training@dogwalker.lu

90,00 €

first individual training session 90min.

75,00 €

pro individuellen Training

350,00 €

fir 5 individuell Trainingen

30,00 €

per dog for private group training