
LUCIANO

Lisa

IRIS

FILIPPE

NICOLAS

Delphine

ÉMILIE

MARTINE
D'Martine ass eise multiplyvalenten Employé. Mat räichlech Erfarung am Hondssport, Training a Benevolat an de Déierenasyler ass seng Haapttâche bei ons d'Privat, d'Trainingsgruppen an d'Kommunikatioun vun der Firma an de Employée zesummen ze regroupéieren. Dir gesitt hat och op de Spadséiergäng well wann mer polyvalent ass, kann een och alles. Mat enger ëmmer positiver Astellung gëtt all Situatioun gereegelt, sief dat am Büro, mam Personal oder beim Training vun äre Muppen. Zesumme mam Iris organiséiere déi 2 déi engageierst Trainings-Stonnen an der Stad, zweiwellos.

CEDRIC
Wann de Cédric duerch Dier moies kënnt, wierkt et esou als op dobaussen d'Sonn géing schéngen, och wann et riicht era reent. Dëse gutt gelaunte Mënsch ass ustiechend a bréngt an der Equipe ëmmer eng positiv Attitüde. Hien këmmert sech haaptsächlech ëm d'Muppen an der Crèche. De Bouf huet virdrun an engem Déierenasyl geschafft a wann een hie gesäit, versteet een direkt wann mer soen dass de Jong fir d'Deieren d'Häerz um richtege Fleck huet.

AUDREY
Wat d'Audrey am beschte beschreift ass eng global gutt Erfahre Persoun. Mat Joere Experienz am Reitstall weess Sie genau wei ee méi Päerd zesumme feiert. Hat huet geleiert dass et de Charakter ass dee d?Deier beweegt. Mir si frou hat säit Mëtt 2019 derbäi ze hunn.
Philosophy vun Dogwalker.lu
Dogwalker.lu ass aus der Nout entsta, professionel a sëcher Spadséiergäng fir all Hond ze Lëtzebuerg ze bidden.
De Luciano huet viru Joren selwer, ouni Gléck, no sou engem Service gesicht. Keen konnt him d’Sëcherheet vu sengem Hond oder professionelt Wëssen während de Spadséiergäng garantéieren.
2010 huet Dogwalker seng eicht Schrëtt gemach.
Fir d’Sëcherheet vun Ärem Hond an de Climatiséierte Camionetten ze garantéieren, huet Dogwalker.lu iwwert 5000€ un Equipement pro Auto investéiert. Ären Hond gëtt net nëmmen a senger individueller Hondsbox transportéiert, mee déi Këschten goufe vun der weltbekannter Firma Kleinmetall extra op Mooss fabrizeiert.
Kleinmetall Këschten sinn net nëmme certifiéiert, mee si sinn Crash Test geprüft an hunn de TÜV Siggel.